Iwer eis

Mat engem méi groussen Atelier an engem méi grousse Bureau konnt d’Angebot vir den Client erweidert ginn. Haut bitt Societéit eng vollstänneg Palette vu Servicer un, déi vu Reparaturaarbechten, Ëmbau an Neiinstallatioune vir Privathaiser an ëffentlech Gebaier souwéi Neiinstallatioune vun EiB, Netzwierker vir Computer, SAT-, Alarm-, Photovoltaik-, a Klimaanlage bis hin zum Verkaf vu Luuchte ginn.   Dës Servicer ginn ënnerstëtzt duerch 50 Persounen déi fachmännesch a professionell ausgebilt sinn, bei dem de Client stänneg am Mëttelpunkt steet a wou d’Offer a Berodung gratis zur Verfügung stinn.   Eis fachkompetent Elektriker an Aarbechter gi mat grousser Freed a Loscht un hier Aarbecht. Domadder probéieren si ëmmer d’Bedürfnisser an d’Wënsch vum Client zu 100% ze erfëllen.