Eis Servicer

Elektroinstallatiounen


Zu eiser Haaptaufgab gehéiert d’elektresch Installatioun. Dat beinhalt Reparaturen, Renovatioune vu Kichen a Buedzëmmer an alen Haiser souwéi d’Auswiessele vun Haaptschalttafelen.

Ausserdeem berode mir Iech ausféierlech beim Neibau vun Eenzel, respektiv Familljenwunnengen, souwéi Wunngebaier, Bürosgebaier an Industriehaalen.


KNX / Domotique 


Mir këmmeren eis em d’komplett Installatioun, Programmatioun a Visualiséierung vun engem intelligenten Haus. Dëst intelligent Haus erméiglecht Iech vir Äert Haus no Äre Wënsch mat Ärem Handy aus der Distanz ze stéieren, egal op dat är Luuchten, är Alarmanlag, är Kameraen, är Rolllueden oder Thermostate sinn. Egal ob Dir Iech am Ausland, an der Vakanz oder beim Noper ophaalt, Äert Haus ka vun iwwerall aus gestéiert ginn. All Programméierung ass upassbar a verännerbar, esou wéi Dir Iech dat wënscht.

Eng vereinfacht Form vun dësem KNX ass eng Domotik. Se ass méi einfach opgebaut mee erméiglecht och een intelligent Haus an der vereinfachter Form. Mir sinn am Moment spezialiséiert an der Domotik E-Net vu Jung.


Alarm / Reseau / Feiermeldung


D‘Électricité Bettendorf ass séit ville Jore Spezialist am Beräich Alarm a Reseau.

Mir këmmeren eis em d’Verkabelung an d‘Installatioun souwéi d’Uschléisse vun Alarm-, Féier-, a Gasmeldanlagen. Ausserdeem installéiere mir bei Iech doheem oder an engem Bureau ee perfekt d'Netzwierk mat engem Patchpannel. Dëst beinhalt och d’Verkabelung vun de Steckdousen bis an den Verdeelerschaf.


Photovoltaik


Sidd dir interesséiert vir méi spuersam an ëmweltschounend ze liewen?

Mir sinn do dee perfekten Uspriechpartner. Électricité Bettendorf ass zu Lëtzebuerg ee vun de Branchenführer am Beräich Photovoltaik. D’Berechnung, Ufro beim Ëmweltminister, d’Planung, souwéi de Montage um Daach oder op engem Terrain gëtt vun eis komplett gemaach. D’Uschléisse mam Zieler an d’Umeldung, souwéi d’Ausfëlle vun de Subsidenpabéiere gehéiert ebenfalls zu eiser Aarbecht, vir dass dir Iech em näischt këmmere musst an d’Aarbecht zefriddestellen ofgeschloss gëtt.


Parabolantennen / Satellitten


Parabolantenne gi benotzt vir gutt Frequenze vun de Satellitten ze empfänken. Dëst erméiglecht Iech Äre Lieblings-Programm oder Lieblings-Emissioun ze kucken.

Hutt Dir domadder Problemer? Braucht Dir eng néi Parabol-Installatioun? Brauch Dir een néie Receveur vir aner Programmer ze empfänken? Kontaktéiert eis a loosst Iech vun eise Spezialiste beroden.


Reparaturen


Eise Pannendéngscht ass spezialiséiert, vir Feeler ze behiewen an elektreschen Installatiounen.

Egal ob dat Problemer dobaussen oder dobanne sinn, Problemer mam Buedzëmmer oder mat der Kichen, eis Elektriker maachen ëmmer hiert Bescht vir d’Feeler ze fannen an ze behiewe vir dass Dir eng gesond elektresch Installatioun an Ärem Haus hutt. Eise Service ass net dorop spezialiséiert vir grouss oder kléng Maschinnen ze flécken. Eise Pannendéngscht ass am ganze Land esou wéi am Grenzgebitt vir Iech do. Kontaktéiert eis nach haut a frot no ärer Reperatur.

Nous ne sommes pas spécialisés dans la réparation du gros ou petit électroménager. Nos services de dépannages sont disponible dans tous les coins du pays. N’hésitez pas à nous contacter et demandez dès aujourd’hui votre dépannage.